Menu St Valentin en coopération avec le restaurant

Menu St Valentin en coopération avec le restaurant "beim Schlass"

Mat der Ënnerstëtzung vum Restaurant „Beim Schlass“ vu Wooltz organiséiert de BBC Les Sangliers Wooltz een Ventinsdaag-Menü.
Den 14. Februar stinn Menüer, déi dir am Viraus bei eis bestellen musst, prett fir Iech. Dëss kënnt dir Sondes Moies tëschend 10:00 an 12:00 bei der Weeltzer Primärschoul (Avenue Nic. Kreins - Buvette vun der Sportshal) ofhuelen.
Fir Är Menüen ze kréien, ginn et zwou Méiglechkeeten
• Take-Away (Tuut oder Këscht matbréngen fir d’Menüen kennen matzehuelen)
• Livraisoun: Mir géifen Iech et heem bréngen (Adress muss een bei der Bestellung uginn)
➔ Nëmmen am Ëmkrees vun 10-15 Kilometer ronderëm Wooltz
Auswahl vun de Menüer:
Entrée
A. Millefeuille de St Jacques, Betterave à la sauce citron vert
B. Velouté „Cupidon“ de Crème de Légumes rouges aux épices
C. Mini Bonbon farci aux Légumes de Saison sur Lit Crème de Cumin
Plats
A. Mignon de Veau sauce Forestière
B. Skrei en Croûte de Radis roses, Sauce Safranée et Gratin
de Pommes de Terre douces
C. Ravioles aux Cèpes
Dessert
La Douceur Perlée aux Fraises

PRÄISSER :
- Entrée, Plat, Dessert : 38 €
- Entrée, Plat : 35 €
- Plat, Dessert : 35 €

Kannermenü: Bouchée à la Reine 11,50€

Supplément Wäin fir 19€ (Doc Vittoria Nero d‘Alvola) oder 20 € (Riesling Koeppchen Pundel oder Pinot Gris Pundel ).

Commande gëtt iwwer eis E-Mail Adress mariannehetting@yahoo.com opgeholl oder dir rufft un op d'Nummer 691 950081.
Commanden ginn bis Mëttwochs, den 10. Februar um 12:00 Auer ugeholl!

Fir d'Bezuelen hutt Dir zwou Méiglechkeeten:
• Digicash op d’Nummer: 691 950081 ; mam Titel „Menu St Velentin-Sangliers Wooltz“ an mam Numm vun der Commande als Notiz.
• Iwerweisung op eise Kont: BCEE: LU93 0019 3600 0704 6000

WICHTEG: All Plat gëtt Iech kaal iwwerginn, Dir musst en just doheem wiermen.
Et kennt eng genau Beschreiwung, wei Dir et wiermen sollt, bei Ären Menü derbäi.

Mir soen Iech villmools MERCI fir d’Ënnerstëtzung!!