Neien Head Coach: Paul Missavage

Neien Head Coach: Paul Missavage

Mir sinn stolz Iech kennen matzedeelen, datt den Paul Missavage eisen neien Head Coach bei den Damen an Hären wäert sinn.

Hien iwerhëllt awer och eng wichteg Roll bei eise Jugendéquipen. Den Paul Missavage ass deene meeschte Basketfrënn zu Lëtzebuerg ganz sécher een Begrëff an huet schon vill Equippen an der héchster Liga betreit, souwuel bei den Damen, wéi och bei den Hären. Hien bréngt domat déi neidesch Erfarung an Visiounen mat bei den BBC Les Sangliers Wooltz! Mir freeën eis elo schonn op eng spannend an hoffentlech erfollegräich Saison mat eisem neien Trainer.