Ouschtermenü mam Restaurant

Ouschtermenü mam Restaurant "Beim Schlass"

Mat der Ënnerstëtzung vum Restaurant „Beim Schlass“ organiséiert de BBC Les Sangliers Wooltz een Ouschtermenü.

De 4. Abrëll stinn Menüer, déi dir am Viraus bei eis bestellen musst, prett fir Iech. Dëss kënnt dir Sondes Moies tëschend 10:00 an 12:00 bei der Weeltzer Primärschoul (Avenue Nic. Kreins - Buvette vun der Sportshal) ofhuelen.
Fir Är Menüen ze kréien, ginn et zwou Méiglechkeeten
• Take-Away (Tuut oder Këscht matbréngen fir d’Menüen kennen matzehuelen)
• Livraisoun: Mir géifen Iech et heem bréngen (Adress muss een bei der Bestellung uginn)
a nëmmen am Ëmkrees vun 10 Kilometer ronderëm Wooltz
Auswahl vun de Menüer:
Entrée
A. Soupe de crustacés
B. Roastbeef vinaigrette miel moutarde

Plats
A. Carré d‘agneau au four et purée de céleri
B. Asperges gratinées et Pommes grenailles persillées
C. Cabillaud rôti sauce Annette et riz au safran

Dessert

Panna cotta coulis de fruits rouges

PRÄISSER :
- Entrée, Plat, Dessert : 39 €
- Entrée, Plat : 36 €
- Plat, Dessert : 36 €

Kannermenü: Suprême de volaille avec Pommes de Terre au four: 13 €

Supplément Wäin fir 19€ (Montepulciano) oder 20 € (Riesling Koeppchen Pundel oder Pinot Gris Pundel ).

Commande gëtt iwwer eis E-Mail Adress mariannehetting@yahoo.com opgeholl oder dir rufft un op d'Nummer 691 950081.
Commanden ginn bis Dënsdes, den 30. März um 20:00 Auer ugeholl!

Fir d'Bezuelen hutt Dir zwou Méiglechkeeten:
• Digicash op d’Nummer: 691 950081 ; mam Titel „Ouschtermenü-Sangliers Wooltz“ an mam Numm vun der Commande als Notiz.
• Iwerweisung op eise Kont: BCEE: LU93 0019 3600 0704 6000

WICHTEG: All Plat gëtt Iech kaal iwwerginn, Dir musst en just doheem wiermen.
Et kënnt eng genau Beschreiwung, wei Dir et wiermen sollt, bei Ären Menü derbäi.

Mir soen Iech villmools MERCI fir d’Ënnerstëtzung!!